
Eng Policepatrull ass iwwert e Feldwee op d'Plaz gefuer an huet do 5 Persoune gesinn, déi sech do wuel onerlaabt getraff hunn. Wéi si d'Poliziste gesinn hunn, hu se probéiert sech op hire Vëloen a verschidde Richtungen duerch d'Bascht ze maachen.
Heibäi koum et zu enger Kollisioun tëscht engem vun de Cyclisten an dem Policeauto, wouropshin de Cyclist gefall ass a liicht blesséiert gouf. D'Beamten hu sech ëm e gekëmmert an eng Ambulanz geruff.
De Parquet gouf informéiert an et gouf e Protokoll geschriwwen. D'Inspection Général vun der Police huet eng Enquête an d'Weeër geleet.
