
Géint 22 Auer krute sech op der Tréierer A1 Direktioun Lëtzebuerg e puer Gefierer ze paken. Zwou Persoune goufe blesséiert.
Um 1.46 Auer krut en Automobilist um CR123 tëscht Steesel a Walfer e Bam ze paken. Och h goufen 2 Persoune verwonnt.
Géint 5.35 Auer ass zu Uewerkäerjeng an der Bascharager Strooss en Auto an eng Mauer gerannt. 3 Persoune goufe blesséiert.
Kuerz viru 6 Auer e Sonndeg de Moien krut e Won e Potto ze paken, och hei gouf et ee Blesséierten.
Um 6.25 Auer ass op der Escher A4 an Direktioun Esch, an der Sortie Féiz, een Auto op d'Kopp gaangen. Eng Persoun gouf verwonnt.
Eppes kuerz virun 18 Auer e Samschdeg den Owend hat et nach an engem Keller zu Käerch an der Rue de Windhof gebrannt. Detailer si keng gewosst.
Kuerz viru 7 Auer e Sonndeg de Moien huet eng Scheier zu Welschent an der Warkstrooss gebrannt. Och hei ginn et keng Detailer.