Am LokalenKollisioun tëscht Camion a Moto, Foussgänger matten an der Nuecht ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Méindeg den Owend, respektiv an der Nuecht op e Dënschdeg zu e puer Accidenter.
© RTL Archivbild

Kuerz no 19 Auer hate sech an der Route de l'Europe zu Réimech e Camion an e Moto ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert. Detailer si keng gewosst.

An um 3.14  Auer ass zu Diddeleng e Foussgänger ugestouss a blesséiert ginn. D’Secouristen vun Diddeleng a Beetebuerg waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO