4 Kanner gi blesséiertKlenge Wierbelstuerm trëfft op Sprangschlass

RTL Lëtzebuerg
D'Kanner waren e Sonndeg am Nomëtten op enger Privatfeier zu Mutfert, wéi d'Wiederphenomen op d'Sprangschlass getraff ass.

D'Sprangschlass gouf op eemol aus dem Näischt eraus vun enger staarker Loft erfaasst a ronderëmgeschleidert. 4 Kanner tëscht 5 an 9 Joer goufen heibäi blesséiert a koumen no enger Behandlung op der Plaz an eng Kannerklinik.

Op Nofro bei der Meteolux konnt een dëst Wiederphenomen als "Kleintrombe" identifizéieren. Dëse klenge Wierbelstuerm kann net virausgesot ginn a kann och net vun de Miess-Instrumenter erkannt ginn, dat well et e Wand ass, deen nëmme ganz kuerz a punktuell optrëtt an nees verschwënnt.

Éischten Erkenntnisser no war d'Sprangschlass esou geséchert, wéi dëst virgesinn ass. De Parquet gouf informéiert an eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO