
Um Dësch waren niewent Vertrieder vun der Horesca den Aarbechtsminister Dan Kersch, de Finanzminister Pierre Gramegna, de Minister vun der Sécurité Sociale, de Romain Schneider an de Minister vum Tourismus an de Classes Moyennes, de Lex Delles. Et goung hei ëm konkret Mesuren, fir de Beräich vun den Hoteller, Restauranten a Caféen z'ënnerstëtzen.
E wichtege Punkt hei sinn d'Hëllefe fir d'Käschten, déi net couvréiert konnte ginn an der sanitärer Kris. Heizou gehéieren d'Loyeren an d'Salairen. Dës Hëllefen, déi en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt solle ginn, gesi vir, dass kleng Entreprisen 90% vun hiren Ausfäll rembourséiert kréien, grouss Entreprisen ëmmer nach 70%. Och Erliichterunge bei der TVA an den Avancë bei de Steiere si virgesinn, genee sou wéi en Entgéintkomme vun de Cotisatiounen.
Soubal den Text gestëmmt ass, géing wéi scho gewinnt een Online-Formulaire disponibel stoen, iwwer deen dann d'Hëllefe kënnen ugefrot ginn.
Wat d'Demande vun der Horesca ugeet, fir d'TVA op alkoholeschem Gedrénks d'nächst Joer op 3 Prozent erofzesetzen, do wäre sech d'Ministeren awer net mat der Horesca eens ginn. An e puer Woche wär iwwerdeems den nächste Rendez-vous.
Méi Detailer ginn et am offizielle Communiqué vun der Horesca.