StaatslaboratoireKit vun engem Antigen-Schnelltest vun der 2. Generatioun gëtt evaluéiert

RTL Lëtzebuerg
Dat schreift d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Claude Wiseler.

De Staatslaboratoire evaluéiert den Ament een éischte Kit vun engem Antigen-Schnelltest vun der zweeter Generatioun. Een zweeten Test vun enger anerer Firma soll geschwënn nokommen, an och deem seng Performance wëll een dann zu Lëtzebuerg evaluéieren, sou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Claude Wiseler.

Sollten d'Performancen, déi d'Produzente verspriechen, sech bestätegen, kéinten dës Tester och zu Lëtzebuerg an den Asaz kommen, esou d'Ministesch weider. Dat virop a Beräicher, wou e séiert Resultat gebraucht gëtt, wéi zum Beispill am medezinesche Beräich, den Urgencen oder an den zukünftege Covid-Consultatiounszentren, fir d'Patienten an déi richteg Filière z'orientéieren.

Back to Top
CIM LOGO