RodangeKierperverletzung, Alkohol um Steier an Drogebesëtz

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg ass géint 1 Auer e Mann zu Rodange an der Route de Longwy nawell zimmlech negativ opgefall.

D'Police gouf alarméiert, well e Mann op enger Bensinsstatioun e Sécherheetsbeamte kierperlech attackéiert hat. Wéi d'Police op d'Plaz koum, war den Täter awer schonns immobiliséiert an et huet ee festgestallt, datt dëse staark alkoholiséiert war.

Well de Mann mam Auto ënnerwee war, gouf dann och een Alkoholtest gemaach, deen och positiv ausgefall ass. De Permis war op der Plaz fort.

Bei der weiderer Kontroll huet ee gemierkt, datt de Mann national gesicht ginn ass, well hien eng Geldstrof vum Geriicht nach net bezuelt hat. Dëst konnt hien dunn awer sur Place bezuelen, allerdéngs hunn d'Beamte beim Mann och nach eng kleng Tut Kokain fonnt.

Back to Top
CIM LOGO