Alters- a FleegeheemerKeng Restriktioune méi fir d'Visitte vu Famillen, sanitär Mesure gëlle weider

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Donneschdeg, mam Enn vum Etat de Crise, gëllen nei Recommandatioune fir d'Alters- a Fleegeheemer.

Et gi keng Restriktioune méi fir d'Visitte vun de Famillen, den Accès vun zum Beispill dem Dokter oder dem Kiné an och fir d'Sortie vu de Leit am Altersheem selwer.

Et gëllen déi allgemeng sanitär Recommandatioune vun der Santé, déi och fir jidderee soss gëllen: dat heescht ënnert anerem zwee Meter Distanz halen oder e Mask unhunn. Enke Kontakt evitéieren a ganz besonnesch op déi vulnerabel Persounen oppassen.

PDF: D'Ligne de Conduite

Back to Top
CIM LOGO