Geriicht / LampertsbiergKeng Reduktioun vum Loyer, awer och keng Erhéijung

RTL Lëtzebuerg
Dat war d'Urteel um Friddensgeriicht an der Stad an enger Affär, an där e Mann säi Loyer fir eng Wunneng um Lampertsbierg ferm wollt erofgesat kréien.

Geriicht Loyer Lampertsbierg / Reportage Eric Ewald

Et ass dat, wat een e salomonescht Urteel nennt, de Verdikt, en Donneschdeg de Moien um Stater Friddensgeriicht, an enger Loyersaffär. De Riichter huet nämlech, bildlech gesinn, den Apel an der Mëtt duerchgeschnidden, andeems hie sech géint eng Reduktioun a géint eng Erhéijung vum Loyer fir eng Wunneng um Lampertsbierg ausgeschwat huet. Doriwwer eraus krut weder de Locataire, nach de Proprietär eng Indemnité de procédure zougesprach, an déi zwee Männer mussen och 50/50 fir d'Fraisen opkommen.

Zanter dem Januar hat sech d'Justice de paix an der Stad mat dëser Affär befaasst.

E Mann, dee 6 Joer an engem Appartement vun 90m2 am Stater Quartier wunnt, wollt de Loyer dofir u sech vu 1.700 op 1.100 € gedréckt kréien, iwwerdeems de Proprietär eng Hausse vum Loyer gefrot hat. De Locataire hat seng Fuerderung gestallt op Grond vum Gesetz vun 2006 iwwert de „bail à usage d’habitation“. An deem Gesetz steet ënner anerem, dass de Proprietär vun enger Immobilie dem Locataire nëmmen, „un revenu annuel dépassant un taux de 5% du capital investi dans le logement“ froe kéint.

Well d'Gebai, an deem d'Appartement dran ass, vun 1957 ass, sollt déi zolidd Baisse vum Loyer d'Konsequenz dovu sinn. De Kolleege vun „RTL 5 minutes“ no wär dat Gesetz 2014 och ewell eng Kéier applizéiert ginn. Deemools hätt de Locataire vun engem Studio zu Beetebuerg amplaz vu 600 just nach 250 € Loyer misse bezuelen.

Egal wéi: Am Verlaf vum Prozess um Stater Friddensgeriicht hat en Expert festgestallt, dass deem Gesetz no dëse spezifesche Loyer um Lampertsbierg amplaz vu 1.700 u sech just 268 € ausmaachen dierft. Wéinst der Evolutioun vum Marchéspräis hat de Spezialist allerdéngs e Loyer vun 1.825 € recommandéiert, spréch méi wéi déi bis dato 1.700.

Am Fong sollt d'Urteel an dëser Affär scho virun 3 Woche gesprach ginn. Dee Moment war et awer net dozou komm, well d'Regierung an der Tëschenzäit decidéiert hat, d'Loyere wéinst der Corona-Kris bis d'Enn vum Joer anzefréieren. Dowéinst war et virun enger Woch nach zu enger weiderer Sëtzung komm a koum et elo eben zum Urteelssproch, duerch deen et fir de Loyer vun dëser Wunneng also elo mol beim Status quo bleift.

Back to Top
CIM LOGO