Claude MeischKeng Prezisiounen iwwer Demissioune vu Lycéesdirekteren an de leschte Joren

RTL Lëtzebuerg
Aus Dateschutzgrënn kéint hie keng Informatiounen doriwwer ginn, wéi vill Lycéesdirekteren aus wéi enge Grënn vun hire Posten demissionéiert hunn.

Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vum David Wagner.

Den Deputéierte vun déi Lénk hat sech doriwwer gewonnert, datt sengen Informatiounen no eng ganz Rei Direkteren hir Posten opginn haten an de Minister gefrot, dat ze confirméieren, respektiv och eng Lëscht vu Lycéeën, an deenen dat soll de Fall gewiescht sinn.

De Claude Meisch confirméiert just, datt an de leschte Joren eng gewëssen Zuel vu Persounen demissionéiert hätt, respektiv hiert Mandat net verlängert hunn – dat kéint eng ganz Rei ënnerschiddlech Grënn hunn, vun Alter oder Gesondheet bis nei Projeten.

Staatsbeamten, déi an der Vergaangenheet Posten a Lycéeësdirektiounen haten, géifen duerchaus och kontaktéiert ginn, wann esou Poste géife fräiginn, esou de Minister.

Back to Top
CIM LOGO