
Dat ass eng Fro, déi déi gréissten Oppositiounspartei opgeworf huet, notamment no den Diskussiounen, fir déi d'Nominatioun vun der Christianne Wickler bei der Cargolux gesuergt hat.
An der parlamentarescher Budgets- a Finanzkommissioun krut d'CSV Explikatiounen awer keng komplett Satisfaktioun.
All Minister ass fir seng eegen Nominatioune responsabel. Decidéiert gëtt dat also eleng an dat gëtt dono vum Regierungsrot guttgeheescht, seet de Laurent Mosar, der CSV hire Vertrieder an der Budgets- a Finanzkommissioun.
An deenen nächste Wochen géif een elo nach weider Ministeren an déi zoustänneg Kommissioune ruffen, fir och gewuer ze ginn, wéi eng Critèren, datt si hunn.
Als Beispiller nennen déi chrëschtlech Sozial d'Ministere fir Transport, Medien- a Kommunikatioun a fir Ekonomie a fuerdert elo scho méi Transparenz.
De Laurent Mosar:
"Notamment ass ee Punkt, deen eis och stéiert, e betrëfft Administrateuren, déi net Fonctionnaire sinn. Mir hätte gär, datt dat an Zukunft iwwert en Appel de candidature geet. Dat ass den Ament net de Fall a mir fannen dat wéineg transparent."
Nieft dëser Diskussioun huet de Finanzminister Pierre Gramegna och de Point vun der finanzieller Situatioun an den éischte 6 Méint vum Joer gemaach. De Staat huet bei de Recetten e Plus vun 11 Milliarden Euro gemaach, dat si bal 25 Prozent méi wéi am éischte Semester zejoert an et ass och eng Hausse am Verglach mam éischte Semester 2019.
Genee wéi de Finanzminister ass de Laurent Mosar der Meenung, datt dat eng positiv Evolutioun ass, mä datt ee weider virsiichteg bleiwe muss.
"Dat heescht och, wann et besser geet, si mer nach net um Enn vum Tunnel ukomm. Et muss een och elo kucken, wéi d'Wirtschaft sech dat anert Joer entwéckelt, mä et ass op alle Fall nach net esou, datt een elo scho kéint jubiléieren a soen, mir wären elo schonn an enger Situatioun, wéi mer se 2019 kannt hunn."
D'CSV plädéiert weider fir eng virsiichteg Finanzpolitik, mat héijen Investissementer. Eng Hausse vu Steieren oder nei Steieren dierft et weiderhin net ginn. Op deem Punkt dierft déi gréisst Oppositiounspartei den Ament also keng Meenungsverschiddenheet mat der Regierung hunn.