Virun der Zeremonie um Kanounenhiwwel huet dës Nuecht ausnamsweis net musse vill gebotzt ginn. Well och um Virowend vun Nationalfeierdag hunn d'Baren an Lokaler an der Stad misse fir Mëtternuecht zoumaachen. Partye mat dausende Leit bis an déi fréi Moiesstonne goufen et dës Kéier deemno keng.
D'Kinnekswiss war um Virowend fest an der Hand vun de Jugendlechen. Si hunn op hir Manéier um Virowend vum 23. Juni gefeiert. De Gros waren am Grupp awer op Distanz an hunn ënnert den A vun der Police bei agreabelem Wieder e puer flotter Stonne matenee verbruet.
Do wou soss déi Joren de Fakelzuch sech säi Wee duerch d'Leit sicht, war et éischter roueg.
Op den Terrasse vun der Plëss hunn d'Leit sech et gutt goe gelooss. Struppevoll war et awer néierens. Dobäi hat d'Place d'Armes sech um Virowend vu Nationalfeierdag extra erausgefiizt. De Gros vun de Mënschen, déi hei am Eck ënnerwee waren, koume fir e Maufel iessen ze goen oder e Patt ze huelen.
Do, wou soss déi Joren d'Leit sech uneneen drécken, fir kee Moment vum Freedefeier ze verpassen, stounge Autoen geparkt an op der Neier Bréck stounge keng Pyrotechniker, ma Busse sinn driwwer gefuer.
Par contre war awer méi Gedrecks ronderëm e Bistro nieft dem Stater Palais. Hei gouf sech amuséiert an ausgeloosse gefeiert. Um Hallefnuecht hunn d'Leit sech dunn, wéi virgeschriwwen, op den Heemwee gemaach.
