
Wéi et vum Minister fir bannenzeg Sécherheet an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV heescht, hat dës Pann kleng Repercussiounen. Et wier en externen Audit ugefrot ginn, fir ze verhënneren, datt sou Problemer sech an Zukunft widderhuelen.
D'Pann wier um Niveau vun der Hardware gewiescht, et kéint een also net vu generaliséierte Software-Problemer schwätzen, wéi d'Deputéiert Léon Gloden, Laurent Mosar a Marc Lies et an hirer Fro duerstellen. D'Software géing zefriddestellend fonctionéieren, sou den Henri Kox, a géing och a villen europäeschen Nopeschlänner an den Asaz kommen.