Neien héchste Riichter Roger Linden„Kanns du dir eng méi nobel Missioun virstellen?“

RTL Lëtzebuerg
D’Onofhängegkeet vun der Justiz wier dem Magistrat no näischt, wann d'Justiz net kéint effikass sinn.

Neien héchste Riichter Roger Linden / Rep. Fränz Aulner

E war schonn nominéiert, en Donneschdeg de Moie gouf et eng "feierlech Seance" an der Cité Judiciaire fir den neie President vum ieweschte Geriichtshaff a vum Verfassungsgeriicht Roger Linden. Dat a Presenz vun de Vertrieder vun den anere Pouvoire Chamber, Staatsrot a Regierung, mä awer och aktuell a fréier Magistraten an Affekoten, sou wéi Vertrieder vun aneren Institutiounen, ewéi zum Beispill de Mediateur oder d’Dateschutzkommissioun.

An de Riede vum Vizepresident vun der Cour supérieure Serge Thill, vun der Procureure générale d’Etat Martine Solovieff a vun der Bâtonnière Valerie Dupong als „onermiddlech“, „uerdentlech“ oder nach „mënschlech“ beschriwwen. De Roger Linden war a sengen Ufäng Affekot bei Vogel, du bei Mosar, duerno Riichter beim Parquet, vu 96 u Riichter um Geriicht vu Lëtzebuerg a vun 2005 um ieweschte Geriichtshaff.

De gebiertege Péitenger ass elo e Successeur vum Jean-Claude Wiwinius an a senger Ried ass hien haaptsächlech op d’Onofhängegkeet vun der Justiz agaangen.

Den héchste Magistrat huet en Donneschdeg de Moie gehofft, datt d'Kapitel iwwert d’Justiz an der Verfassungsrevisioun a genee engem Joer a Kraaft trëtt, fir dës Onofhängegkeet ze „consacréieren“. Mat där Verfassungsrevisioun gëtt nämlech de laang erwaarte Conseil national de Justice an d’Liewe geruff, deen als Garant vun der Onofhängegkeet vun der Justiz gedeit gëtt. War d’Onofhängegkeet vun de Geriichter ni a Fro gestallt, sou war déi vum Parquet duerch d’CSV d’virlescht Joer hannerfrot ginn. Am Februar gouf d’Onofhängegkeet vum Parquet awer erëm an de Projet fir d’Verfassungsrevisioun ageschriwwen. „Dës Diskussioun beweist, datt souguer an engem Land wéi Lëtzebuerg, wou d’fundamental Prinzippie vum Rechtsstaat applizéiert a vun der ganzer politescher Klass acceptéiert sinn, d’Onofhängegkeet vun der Magistratur an hirem Ensembel eréischt wäert Acquis sinn, wa se schwaarz op wäiss an der Verfassung steet“, sou de Roger Linden.

D’Onofhängegkeet vun der Justiz wier dem Magistrat no awer och näischt, wann d‘Justiz net kéint effikass sinn. Dowéinst misst d’Justiz déi logistesch, legal a mënschlech Moyenen hunn, fir hir Aufgab z’erfëllen, an zwar d’Recht, an engem raisonnabelen Delai ze schwätzen, sou de Roger Linden. Den neie President vum ieweschte Geriichtshaff a vum Verfassungsgeriicht huet deemno e waarmen Appell u Jonker gemaach, sech fir de Beruff vum Riichter z’entscheeden, mat der Motivatioun, houfregen Dénger a Verdeedeger vum Rechtsstaat ze sinn. „Kanns du dir eng méi nobel Missioun virstellen?“, sou d’perséinlech Fro vum Roger Linden un den imaginäre jonke Mënsch, deen nach net weess, wéi eng Karriär e wëll am Droit maachen.

Back to Top
CIM LOGO