International ProtektiounJust nach 10 Demanden am Abrëll

RTL Lëtzebuerg
D'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg Asyl froen, ass de leschte Mount däitlech zeréckgaangen.

Am Abrëll hu just nach 10 Persounen hei am Land eng Demande op international Protektioun gemaach. Dat sinn der méi wéi 100 manner wéi nach de Mount virdrun. Dat geet aus de leschte Statistike vun der Direction de l'immigration ervir.

Op den 30. Abrëll gekuckt, koumen déi meescht Demanden 2020 aus Syrien (79), hannendru kënnt Eritrea mat 59 a Venezuela mat 37.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO