De Chouer war méi kleng. Wou soss 40 bis 50 Leit sangen, waren et der en Donneschdeg 10 an op Distanz. Sinn op Helleger Owend d'Metten an normale Jore bis op dee leschte Stull besat, sou konnten déi Kéier 99 Leit un der Mass an der Kathedral deelhuelen. Do dernieft goufen d'Mette gestreamt an um RTL 2 iwwerdroen.
Et war eng feierlech Mass, mat flotter Dekoratioun a Gesang.
Fir d'Ekipp ronderëm den Dirigent Marc Dostert, war et net einfach. Villes huet missen der aktueller Situatioun ugepasst ginn.
Hält den Äerzbëschof d'Mass, ass dëst och ëmmer e besonnesche Moment fir d'Massendénger. Et wär een eng Grëtz méi nervös. Trotzdeem wär et spannend.
De Kardinol ass och op d'Pandemie ze schwätze komm an huet des mat der Nuecht, mat der Däischtert verglach.
90 Minutten hunn d'Chrëschtmette gedauert a wéinst der Ausgangsspär déi um 23 Auer ufänkt, huet d'Mass um 20 Auer ugefaange gehat.
