PoliceJugendlecher zu Rodange an Déifferdeng iwwerfall, Sträit zu Biereng an Abréch

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, goufen e Samschdeg an e Sonndeg am Nomëtteg Jugendlecher iwwerfall. Zu Biereng koum et no engem Sträit zu Handgräiflechkeeten.
© RTL Archivbild

Géint 15.30 Auer goufen 2 Jugendlecher an der Rue Jos Moscardo zu Rodange brutal vun 3 onbekannte Männer iwwerfall. Déi 2 Jonker goufe geschloen  a kruten den Handy geklaut.

An der Rue Pasteur zu Déifferdeng haten 2 Jugendlecher e Samschdeg géint 14 Auer probéiert en anere Jonken ze beklauen. Wéi hie sech wiere wollt, gouf hie vun den 2 Onbekannte geschloen. Si si mat eidelen Hänn geflücht. D'Affer gouf am Äifer vum Gefecht blesséiert an huet misse medezinesch betreit ginn.

A béide Fäll gouf eng Plainte gemaach.

Géint 4 Auer an der Nuecht op e Méindeg koum et an der Garer Strooss zu Biereng zu engem Sträit tëscht 2 Männer. Wéi d'Police schreift, war et zu enger verbaler Ausernanersetzung komm, nodeems ee vun de Männer d'Begleedung vun deem aneren beleidegt hat. Den Aggresseur huet dem Mann mat Begleedung der e puer ginn.

No enger kuerzer Sichaktioun konnt d'Police de Mann ermëttelen, deen an engem Auto ënnerwee war. D'Gefier gouf gestoppt an do gouf festgestallt, dass déi concernéiert Persoun staark alkoholiséiert war. Et gouf protokolléiert.

Abréch e Sonndeg

Géint 11.30 Auer gouf an der Tréierer Strooss zu Bouneweg agebrach. 2 Kellere vun engem Wunnhaus goufen opgebrach, ma déi Onéierlech goufe vu Bewunner gesinn. Eng uschléissend Sichaktioun war negativ.

Tëscht 12.30 an 13.50 Auer war e Brigang duerch eng oppe Fënster um éischte Stack an eng Wunneng an der Rue des Romains zu Bouneweg erakomm. D'Bewunnerin war zu deem Zäitpunkt doheem. Et gouf éischten Informatiounen no näischt geklaut.

Tëscht 13 an 16 Auer wollt en Onbekannten an e Wunngebai an der Rue Marguerite-Séraphine Beving an der Stad abriechen an hat dofir d'gliese Scheif vun enger Aganksdier ageschloen. Den Abriecher muss wuel gestéiert gi sinn, well et beim Abrochversuch bliwwen ass, sou d'Police.

Back to Top
CIM LOGO