
Ronn 1.000 Klappjuegte ginn et am Joer. Op Base vun enger Petitioun, déi dës Zort vu Juegd wëll verbidden, huet sech e Mëttwoch d’Chamberkommissioun getraff an iwwer méiglech Upassunge geschwat. Den Dossier wier komplex.
Engersäits wier et mat der Klappjuegd méi einfach méiglech, d’Populatioun vu de Wëllschwäin, déi bei eis am Land ze héich ass, erofzesetzen. Op der anerer Säit ass dës Zort vun Juegd awer och besonnesch brutal an et géingen och geschützte Déieren opgedriwwen ginn. Iwwer Alternative géing nogeduecht ginn, seet den DP-Deputéierte Max Hahn.
"Ech denken hei un d’Dréckjuegd, déi méi intensiv soll promovéiert ginn a wou mer och den Accent op eng weider Formatioun vläicht wëlle setzen. Mä mir wëssen awer och, dass sech haaptsächlech d’Wëllschwäin, déi jo awer de gréisste Problem vun eisem Wëldschued sinn, domadder net beandrockt kréien. Dofir mussen dann Erfarungswäerter gesammelt ginn."
Virun allem wat d’Jeeër-Formatioun ugeet, gouf iwwer Upassungen diskutéiert, erkläert de Kommissiounspresident Francois Benoy vun déi gréng:
"Do si Stéchwierder gefall, zum Beispill, ob een déi Formatioun net heiansdo misst opfrëschen, wéi et beim Führerschäin de Fall ass. An och wat d’Waffegesetz ugeet, do kann een och iwwert eng Alkohollimitatioun nodenken."
Et misst awer och gekuckt ginn, wéi et mat der Unerkennung vun de Formatiounen aus den Nopeschlänner ass, seet d’Martine Hansen vun der CSV:
"D’Ausbildung ass bei eis am Moment relativ laang. Et kann een awer och eng a Frankräich maachen, wou een nëmmen dräi Stonnen Theorie an dräi Stonne Praxis huet an dann huet een de Juegdschäin och. Dat ass schlecht an eisen An. Do muss ee kucken, ob mir déi Formatioun unerkennen, respektiv musse mer kucken, dass déi Leit, déi hei schéissen kommen, eng gutt Formatioun hunn."
Ännerunge sinn also virgesinn, dat géing awer net wäit genuch goen, wéi de Marc Goergen vun de Pirate seet:
"Leider gëtt elo nëmmen lénks a riets geplooschtert. Mir hätte gären en eenheetlecht Verbuet vun der Klappjuegd gehat, dat wäert awer elo net kommen.”
E Verbuet steet net méi am Raum, d’Juegd brauch awer Verännerungen. Am Januar soll dann och mam Mouvement écologique, wéi och mat natur&ëmwelt an dem Jeeërverband geschwat ginn.