Jonk SozialistenJSL fuerderen, datt den "Amortissement accéléré" ofgeschaaft gëtt

RTL Lëtzebuerg
Den Amortissement accéléré ass eng zäitlech begrenzte Steiererliichterung nom Kaf vun enger Wunneng, déi duerno verlount gëtt.

D’Regierung hat déi Mesure den éischte Januar esou ugepasst, datt se manner interessant ginn ass fir Investissementer (amplaz 6% op 6 Joer gouf den amortissement accéléré op 4% op 5 Joer erofgesat). D’jonk Sozialiste wëllen elo also, datt déi Mesure ganz ofgeschaaft gëtt an datt de Staat de wichtegsten Acteur um Wunnmarché gëtt.

Am Géigesaz zu de Jonke Sozialisten haten déi jonk Demokrate proposéiert, datt den amoritssement accéléré agesat gëtt fir sozial verantwortlech Proprietären, zum Beispill déi, déi d’Loyeren net an d’Luucht setzen.

Béid Jugendparteien, deenen hir Mammeparteien an der Regierung sinn, si sech awer eens, datt d’Grondsteier an d’Luucht muss gesat ginn an datt eng Spekulatiounstax soll kommen op Terrainen oder Wunnengen, déi eidel stoe gelooss ginn. D’Regierung huet béides Wëlles, mee d’Parteie si sech, sou wäit mir informéiert sinn, nach net iwwert d’Tauxen eens ginn.

Back to Top
CIM LOGO