Op de Buedem gestouss a menacéiertJonke Mann op Busarrêt am Pafendall vu 3 Onbekannten iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt, datt en Donneschdeg de Mëtteg géint 15 Auere jonke Mann vun 3 Onbekannten am Pafendall iwwerfall.
© RTL Archivbild

De jonke Mann stoung um Busarrêt an der Rue Saint Mathieu, géintiwwer vum Funiculaire, wéi hien op eemol vun 3 Onbekannten op de Buedem gestouss gouf. Déi 3 hu Lëtzebuergesch geschwat an hunn hiert Affer menacéiert.

Ee vun en Täter huet dem Mann d'Jackette vun der Mark Moncler, e Rucksak vun der Mark Paul Smith an de schwaarzen iPhone XR geklaut.

Just vum Haapttäter krut d'Police eng knapp Beschreiwung: Hien hat een däischteren Jogging un, eng däischtergréng Jackette an Yeezy Schong.

Back to Top
CIM LOGO