Prozess wéinst Homicide involontaireJonk Fra war 2017 bei engem Accident ëm d'Liewe komm

RTL Lëtzebuerg
E Mann, de Chauffeur vun haut 23 Joer, krut du wéinst Homicide involontaire de Prozess gemaach.
© RTL Archiv

„Et deet mer schrecklech leed! Wann ech kéint, ech géif et réckgängeg maachen!“: Dat waren déi lescht Wierder vum Ugekloten, e Mëttwoch de Mëtten um Stater Geriicht, am Prozess ëm en déidlecht Accident, am September 2017, tëscht der Fiels an Aangelsbierg, e Mann vun haut 23 Joer krut du wéinst Homicide involontaire de Prozess gemaach.

Prozess wéinst Homicide involontaire - Rep. Eric Ewald

Eng jonk Fra vun deemools 17 Joer, déi hannen am Auto souz, war gestuerwen an de Bäifuerer uerg verwonnt ginn. De Chauffeur, dee virum Accident Alkohol an Droge consomméiert hat, war moies fréi op riichter Streck mam Won an de Rampli geroden, hat d'Steier ëmgerappt an dunn 3 Beem ze pake kritt: Hie war wuel kuerz agenäipt. Hie kéint sech just duerch e Sekonneschlof erklären, d'Kontroll iwwert d'Gefier verluer ze hunn.

Hien, deen de Führerschäi sengerzäit knapps 3 Méint hat, war owes an e Café gaangen an dono an zwou Diskoen, bis 6 Auer moies; de ganzen Owend iwwer hätt hie maximal 6 Fläsche Béier gedronk. No der zweeter Disko hätt hie bei engem Busarrêt zwee Meedercher gesinn, wouvun dat eent gesot hätt, hie sollt dat anert mathuelen. Dat spéidert Affer war doropshin erageklommen. No engem Stopp op enger Tankstell, wou een eppes giess hat, goung et op Aangelsbierg. Hie wär net séier ënnerwee gewiescht, mat, dem Gefill no, 70 bis 80km an der Stonn, wouropshin de President vum Geriicht gemengt huet: „Den Expert schwätzt vun 90 bis 139km/h!“ Hie wär sécher net méi wéi 90 gefuer, sou de Beschëllegten, dee waakreg gouf, wéi den Auto stoung. Vum Bäifuerer a vun der jonker Fra wär keng direkt Reaktioun komm: Wéi hien hire Bols gefillt huet, hätt hien e schlecht Gefill gehat, wougéint de Bäifuerer Téin vu sech ginn hätt. Dee Mann, deen 3 Wochen am Koma louch a 6 Méint krank geschriwwe war, ka sech u guer näischt erënneren, bis op säin Erwächen an der Klinik.

E Geriichtsmedeziner huet als Grond fir den Doud vun der jonker Fra e schwéiere Polytrauma genannt, duerch virun allem d'Kollisioun mam zweete Bam. Deen hätt de Chauffeur, engem Expert fir Accidenter no mat 56 bis 85km an der Stonn ze pake kritt. Nodeems de Me Steve Rosa, Affekot vum Bäifuerer, an de Me Schmartz, Affekot vun der Mamm vum Affer, zesummen net grad 155.000 € Schuedenersatz gefrot haten, huet d'Me Da Silva Mendes, Affekotin vum Ugekloten, op e Partage des responsabilités plädéiert, well déi aner Leit „en connaissance de cause“ an den Auto geklomme wären. Hire Client, deen an Untersuchungshaft war, sollt eng Prisongsstrof mat Sursis kréien. Fir de Vertrieder vum Parquet wär de Beschëllegte midd gefuer, ënner Alkohol- an Drogenafloss an ze séier, soudass de Mann zu engem Fuerverbuet vun zwee Joer, enger ugemoossener Geldstrof an 18 Méint Prisong mat Sursis probatoire sollt veruerteelt ginn. D'Oplo bestéing doran, dass hie beweise misst, keen Alkohol a keng Droge méi ze consomméieren.

D'Uerteel gëtt de 24. Oktober gesprach.

Back to Top
CIM LOGO