
Nëmmen eng Gesamtpolitik kéint hëllefen, datt de Virus ka bekämpft ginn. Jidderee misst de selwechten Accès zur Gesondheet kréien, dee misst onbedéngt garantéiert bleiwen.
Wat d'Tensiounen tëscht der Patientevertriedung an der Dokteschassociatiounen ugeet seet de René Pizzaferi, datt vill Dokteren net der Meenung vun der AMMD wieren an et wier wuel déi Dokteschassociatioun déi an der Nomenclatureskommissioun blockéiert hätt.
D'Demande zum Beispill, fir nei Akten anzeféieren, misst normalerweis vun den Doktere kommen, ma vun der AMMD kéim näischt.
