
De Jeannot Erpelding wollt oder konnt eis op Nofro hin net soen, wou hien an Zukunft schaffe wäert. Hien hätt awer aner Projeten a wéilt nach vill maachen.
Op d’Fro, ob säin Depart eppes mat der Gouvernance bei der Chambre de Commerce ze dinn hätt, äntwert hien: "et huet näischt domadder ze dinn". De fréieren CSV-Politiker Luc Frieden hat am Abrëll d’Successioun vum Michel Würth als President vun der Handelskummer iwwerholl. Dem Luc Frieden seng Persoun, mee och d’Aart a Weis, wéi hien an d’Spill bruecht gi war, war ënnert de Chefs d’Entreprisen ëmstridden. Hie stoung um Enn awer eleng zur Wal.