Invité vun der Redaktioun (13. Februar): Jean-Luc de MatteisDe Lëtzebuerger Modell misst duerchgesat ginn

François Aulner
E Freideg de Moie war eng méiglech Delokalisatioun vun Aarbechtsplaze bei ArcelorMittal Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Jean-Luc de Matteis
E Freideg de Moien war eng méiglech Delokalisatioun vun Aarbechtsplaze bei ArcelorMittal Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

ArcelorMittal – De Lëtzebuerger Modell misst duerchgesat ginn

Restrukturéierungen oder Moderniséierungen si mol néideg, mee d’Gewerkschafte fuerderen den Invest, an datt d’"casse sociale” limitéiert gëtt. Dat sot den OGBL-Zentralsekretär Jean-Luc de Matteis e Freideg de Moien am Zesummenhang mat ArcelorMittal. De Stolkonzern studéiert aktuell eng Delokaliséierung vun 1.150 Plaze vu Lëtzebuerg a Polen oder Indien.

Déi Nouvelle vu leschter Woch huet jidderee beschäftegt, sou de Jean-Luc de Matteis. Déi Zuel ass awer net a Stee gemeesselt. Et ass de Perimeter vun der Etude. Viséiert si Plazen an de Finanzen oder de ressources humaines, déi net an de Produktiounssitte sinn. De Gewerkschaftler erkennt an der Approche vun ArcelorMittal d’Prioritéit vum Stolkonzern fir Käschten ze spueren.

A sengen Ae misst een elo “de Lëtzebuerger Modell duerchsetzen”. Et misst ee kucken, wat de Grond wier a wat dogéint kéint gemaach ginn. Hei am Land gëtt et Instrumenter fir Delokalisatiounen ze vermeiden oder se ofzefiederen, sou de Jean-Luc de Matteis. Dat kann e Plan de Maintien dans l’emploi sinn oder Préretraiten. Déi géingen am Kader vun den Tripartite-Akkorde virgesi ginn.

Luc Frieden an Aditya Mittal

Zanter Oktober d’lescht Joer lafen och Verhandlunge fir nom LUX2025 en neien Accord ze hunn, mee déi géingen hänken. Ewéi am Bréif vu senger Gewerkschaft an dem LCGB un de Premier huet de Jean-Luc de Matteis bedauert, datt et an enger Reunioun de 4. Februar Inkohärenze gi wieren tëscht deem wat d’Direktioun vun ArcelorMittal an d’Staatsbeamte gesot hätten.

Dobäi huet de Premier Luc Frieden d’Informatioun vun de Gewerkschaften dem 100,7 confirméiert, datt hie virun där Reunioun um Weltwirtschaftsforum zu Davos dem CEO vun ArcelorMittal, dem Aditya Mittal mat op de Wee ginn hätt, datt d’Regierung géint Delokalisatiounen ass. Dem OGBL ass wichteg, datt d’Regierung Kloertext geschwat huet. D’Gewerkschaft fuerdert awer doriwwer eraus den Invest.

A fir Kloerheet ze schafen, fuerderen den OGBL an den LCGB och eng Stoltripartite. D’LSAP huet sech där Fuerderung ugeschloss. Mee vum Staatsministère krute mer just ganz vag gesot, datt “déi zoustänneg Ministeren de Regierungsrot iwwert d’Situatioun bei Arcelor briefe” wäerten. Fir en Interview steet de Luc Frieden, un deen de Gewerkschaftsbréif adresséiert war, dëse Freideg net zur Verfügung.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Luc de Matteis

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO