Coronavirus zu LëtzebuergIwwert de Weekend: 452 Positiver bei 6.921 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschte 72 Stonne 452 Neiinfektioune registréiert goufen.
© RTL

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

An de leschten Deeg sinn zwou Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 851.

Bannent de leschte 72 Stonne gouf et 452 positiv Fäll bei 6.921 Tester. 41 nei Fäll bei 624 Tester goufen e Sonndeg registréiert, e Samschdeg 186 gouf et an e Freideg 225.

Den Ament sinn 49 Persounen hospitaliséiert, dovunner 12 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 845.868 Impf-Dosisse genotzt. E Sonndeg krute 24 Persounen eng Dosis, als komplett Vaccinéiert gëtt d'Santé 418.437 Leit un

Aktuell ginn et 2.280 aktiv Infektiounen, 80.163 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO