
Dës „kolossal“ Iwwernam kéint mat gréissere Changementer verbonne sinn. Allied Universal gëtt een 800.000 Mann-staarke Betrib, do misst ee sech froen, wat dëse Grupp an Zukunft wéilt a Lëtzebuerg investéieren, wou d'Konkurrenz jo besonnesch staark wier, mat 19 anere Societéiten, déi am Beräich vun de Securitéit aktiv sinn. Sou schreift et d'Gewerkschaft an engem Communiqué um Freideg de Moien. An dem aktuell ganz ugespaante wirtschaftleche Kontext géing den LCGB e besonnescht Aen op dës Iwwernam werfen, fir sécher ze stellen, dass d'Rechter an d'Acquise vun de Salariéë respektéiert ginn.