ZeienopruffIwwerfall mat Gewalt op Fra bei sech doheem am Stater Gronn um 3. Januar

RTL Lëtzebuerg
Eng Fra gouf iwwerfall vun 3 Täteren bei sech doheem. Wien eppes iwwer d'Biller vun der Iwwerwaachungskamera soe kann, soll sech bei der Police mellen.

2 vun de Brigangen haten Sécherheetsvesten un, eng drëtt Persoun war schwaarz ugedoen mat och enger schwaarzer Mutz. Nodeems si d'Fra gefesselt hunn, hu si d'Bijouen a Kreditkaarte geklaut.

D'Täter wiere mat engem schwaarze Mercedes, Modell V-Klass mat franséische Placken, ënnerwee gewiescht.

Op de Fotoe gesäit een och eng Komplizin, déi sech awer net um Iwwerfall selwer bedeelegt huet.

All Info ass fir den 113.

Back to Top
CIM LOGO