Paulette LenertIwwer 313.000 Leit si bis ewell hei am Land komplett geimpft

RTL Lëtzebuerg
D'Gesondheetsministesch féiert et op d'Vakanz zeréck, datt d'Impfcampagne géint de Covid-19 den Ament op der Plaz trëppelt.

Si géif hoffen, datt et dat ass, ma géif awer optimistesch bleiwen, sou d'Paulette Lenert en Donneschdeg am RTL-Interview. D'nächst Woch soll verstäerkt en neien Appell beim Gesondheets- a Fleegepersonal gemaach ginn, da fiert och en Impfbus op d'Plaz. Fir den Hierscht wiere weider Aktioune geplangt, fir bei d'Leit ze goen, sou d'Santésministesch.

Paulette Lenert iwwer Impfungen

Iwwer 313.000 Leit si bis ewell hei am Land komplett geimpft. Déi meescht Impfzentere maachen an dräi Wochen  zou. Dann iwwerhuelen d'Hausdokteren a Pediateren.

E Mëttwoch goufen iwwer 4.400 Persoune geimpft, et waren awer just 634 éischt Dosissen do derbäi. D'Situatioun an de Spideeler bleift stabel mat 17 Patienten, 6 op der Intensivstatioun a 94 Persoune goufe positiv getest.

Back to Top
CIM LOGO