
De Brand war an engem Appartementshaus um 6ten a leschte Stack ausgebrach, an hat sech séier op de ganzen Daach ausgebreet.
D’Awunner vum Gebai konnten alleguer mat Zäit a Sécherheet bruet ginn, an iwwer 100 Pompjeeë ware mat de Läschaarbechte beschäftegt, déi sech iwwer 6 Stonnen higezunn hunn.
Den Zentrum vu Rëmeleng war dofir och zäitweis komplett gespaart. Ee Pompjee gouf liicht blesséiert.
43 Awunner, 23 Stéit kënnen, dem Buergermeeschter vu Rëmeleng Henri Haine no, nom Feier net méi an hire Wunnenge wunnen a goufe vun der Gemeng noutlogéiert, wa se net bei der Famill ënnerdaach komm sinn.
Et wier immens schwéier fir d'Pompjeeë gewiescht fir un d'Feier drun ze kommen. Eleng dat hätt schonn e puer Stonne gedauert, wéi de Rëmelenger Buergermeeschter Henri Haine erkläert.
Henri Haine:„Am Ufank war nach net richteg gewosst, wéi eng Envergure et hätt, mä et huet sech awer relativ séier erausgestallt, dass et e komplizéierte Brand wier. Et war um 6. Stack vun enger Residence an et sinn och vum CGDIS ganz vill Corpse geruff ginn. Ënnert anerem Esch, Diddeleng, Keel, Rëmeleng, Monnerech, Hesper, d'Stad Lëtzebuerg waren hei vertrueden. Et waren eng ronn 100 Leit am Asaz, wärend Stonnen. Et huet bis 1 Auer Moies gedauert, bis se de Brand am Grëff haten. Et ass esou, dass et e ganz komplizéierte Brand ënnert dem Daach war, deen sech iwwert d'ganz Fläch vun der Residence gezunn huet um 6. Stack.“
Et konnt deemno verhënnert ginn, dass d'Feier op Nopeschhaiser iwwergeet. Ma de Waasserschued an der Residence wier immens grouss, an déi iewescht dräi Stäck an den nächste Wochen och kaum bewunnbar.