Schoul"iPad-Klassen" – Wat ass d’Visioun dohannert a wat de Status Quo?

RTL Lëtzebuerg
2015 huet et mat Pilotprojeten ugefaangen, mëttlerweil sinn 12.000 iPads an de Lëtzebuerger Schoulen am Ëmlaf, bal all drëtte Schüler huet also Zougrëff.
iPad Klassen: Visioun a Status Quo
12.000 iPads sinn aktuell an de Lëtzebuerger Schoulen am Ëmlaf.

D’Zil ass kloer: An Zukunft soll all Schüler am Unterrecht op en Tablet zréckgräife kënnen, dofir kommen all Joer 4.000 bis 5.000 nei iPads an Ëmlaf. Ma et géing net just drëm goen, d’Hefter an d’Bicher géint Bildschiermer auszetauschen, erkläert de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT. D’Tablets sollen de Cours esou erweideren, dass eng Plus-value entsteet.

Op der enger Säit steet d’Angscht vun den Elteren, d’Kanner elo nach méi viru Bildschiermer ze setzen, op der anerer Säit d’Bedenke vu verschiddenen Enseignanten, déi elo hire komplette Cours iwwerdenke mussen. Trotzdeem kéint eng Schoul sech net virum digitale Fortschrëtt verschléissen a misst den neien Technologie Rechnung droen, andeems d’Kanner de kriteschen Ëmgang mat den entspriechenden Outile léieren.

Back to Top
CIM LOGO