
Bei de grousse Steier- an Ëmweltreforme ginn et tëscht den 3 Majoritéitsparteien DP, LSAP an déi Gréng verschidde Sensibilitéiten. Fir dës Reformen déi nächst Joren ze begleeden, gouf en interfraktionellen Aarbechtsgrupp mat Regierungsvertrieder a Parlamentarier an d’Liewe geruff. Dat gouf een e Méindeg de Moien op der Rentréespressekonferenz vun der LSAP gewuer. De Fraktiounschef Alex Bodry huet hei betount, datt fir d’Sozialisten Ëmwelt- a Sozialpolitik net vuneneen ze trennen ass. Als Basis fir d’Diskussiounen gëllt de Koalitiounsaccord. Fir déi grouss Reforme soll ee sech déi néideg Zäit ginn, sou nach den Alex Bodry.
Zur Affär iwwer d’Gaardenhaische vun Déifferdeng oder d’Affär Traversini sot den Alex Bodry, datt d'Deontologie-Reegele fir Lokalpolitiker och endlech misste Realitéit ginn. Op d'Fro, ob d’Majoritéit mat just 31 Sëtz am Parlament net riskéiert ëmmer erëm wackeleg ze sinn, sot den LSAP-Fraktiounschef: vu 74 bis 79 gouf et och eng knapp Majoritéit an déi huet bis zum Schluss gehalen. D’Zuel wier net wichteg, mä de Wëllen zesummenzeschaffen.