StatecIndextranche fälleg op den 1. Oktober 2021 - Wat ass mam Kannergeld?

RTL Lëtzebuerg
Op de Freideg ass eng Indextranche fälleg, dat confirméiert de Statec um Freideg de Moien.

D’Inflatioun hätt deemno am September 2,7% erreecht, an de semestriellen Index huet de Seuil vun 895,78 Punkten iwwerschratt, woumat also eng Indextranche erfält.

D’Salairen a Pensioune ginn deemno ëm 2,5% an d’Luucht. Detailer sollen et e Mëttwoch ginn.

Och d'Indexéierung vum Kannergeld bléift en Thema

No der Annonce, datt d'Paien a Pensioune vu Freideg un ëm 2,5 Prozent gehéicht ginn, stellt sech fir vill Parteien d'Fro, ob dat och fir d'Kannergeld gëllt.

Mëtt September war an der zoustänneger Familljekommissioun op Nofro vun der CSV schonn iwwert eng réckwierkend Ausbezuelung virum 1. Januar 2022 diskutéiert ginn. No der Annonce vum Freideg de Moie wier dat net méi ze ëmgoen, esou den CSV-Deputéierte Marc Spautz.

Et däerf elo net einfach heeschen, déi 2,5 Prozent si verluer. Et muss do en anere Wee fonnt ginn, fir de Leit déi Erhéijung vum Kannergeld an all de Saachen am „Famillje-Package“ ze garantéieren. Soss verléieren d'Leit do nach eng Kéier Suen an d'Schéier geet ëmmer weider auserneen.“

Kannergeld

Generell fuerdert ee vu Säite vun der CSV, datt d'Kannergeld souguer retroaktiv bis d'Joer 2019 zeréck indexéiert gëtt, fir ee Kafkraaftverloscht bei de Familljen ze evitéieren. E Schrëtt méi wäit ginn déi Lénk. Do wëll ee bis 2014 zeréck, erkläert d'Deputéiert Myriam Cecchetti.

Zanter 2006 huet der CSL no d'Kannergeld 22% u Wäert verluer. Dat ass enorm vill. Wann ee weess, datt haut iwwer 17 Prozent vun de Leit um Aarmutsrisiko liewen an et wieren der iwwer 26 Prozent ouni all déi sozial Transferten, da muss ee wierklech ganz vill oppassen, wann een un dëse Schrauwen dréine geet.

De Sven Clement vun de Pirate fuerderen op d'mannst dräi Méint an zitéieren de LSAP-Deputéierte Georges Engel.

Mir hunn et schonn héieren: De Georges Engel huet gëschter [gesot, dat] ab Dezember eventuell ze re-indexéieren. Ech sinn der Meenung, wann den Index haut fälleg gëtt, ma da muss d'Kannergeld och ab haut indexéiert sinn.“

Zoustëmmung kënnt och vun där eng oder anerer Majoritéitspartei. Och wann de Sujet nach muss an der Koalitioun diskutéiert ginn. D'Presidentin vum Grupp Parlamentaire vun déi gréng, Josée Lorsché erklären.

Dat musse mer natierlech diskutéieren. Mä prinzipiell si mer der Meenung, datt, wann ee feststellt, datt d'Kanneraarmut wiisst a Famillje mat ville Kanner oder Mono-Parentauxen ëmmer méi un d'Aarmutsgrenz geroden, da muss een natierlech och als Politik reagéieren. Dofir wäerte mir och eis Ënnerstëtzung ginn, wann et an déi Richtung geet.“

Bis wéi wäit dës Mesurë soll zeréckgoen, ass ee sech bei de Gréngen nach onsécher. Fir DP steet fest.

Ech mengen, et wär de Familljen net wierklech gehollef, wa mer géife waarden, bis déi nächst Indextranche kënnt, fir och d'Kannergeld ze indexéieren. Mir wäerten eis op alle Fall dofir asetzen, datt déi Indextranche, déi 2,5% och hei ab dem 1. Januar 2022 fir d'Kannergeld spillt. An esou och d'Famillje mat Kanner e bësse méi Suen an der Täsch hunn.“

Dat sot de Gilles Baum de Freideg. Dat heescht méi Sue vu Januar un, ma réckleefeg soll näischt no-iwwerwise ginn. Aktuell géifen d'Familljeministesch Corinne Cahen an de Finanzminister Pierre Gramegna d'Rechnunge maachen, heescht et aus DP-Kreesser.

Pressecommuniqué

Indexation des salaires au 1er octobre 2021

Selon le résultat provisoire publié par le STATEC, le taux d'inflation annuel de l'indice des prix à la consommation national (IPCN) s'élève à 2.7% pour le mois de septembre. Avec ce résultat, la moyenne semestrielle de l'indice raccordé à la base 1.1.1948 du mois de septembre dépasse le seuil de 895.78 points, déclenchant ainsi une nouvelle indexation.

La nouvelle cote d'application de l'échelle mobile des salaires de 855.62 points (ancienne cote : 834.76 points) entre en vigueur le 1er octobre 2021, entraînant à cette date une majoration de 2.5% des salaires, traitements et pensions.

Les résultats définitifs et détaillés de l'indice des prix à la consommation national du mois de septembre seront publiés le 6 octobre 2021, à l'issue de la réunion mensuelle de la Commission de l'indice. Les dispositions qui régissent le système de l'échelle mobile des salaires sont définies à l'article 3 de la loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d'avancement des fonctionnaires de l'État

Nouvelle tranche indiciaire et tarifs applicables à partir du 1er octobre 2021

Back to Top
CIM LOGO