An ZukunftIndemnitéite fir all Agents de la coopération an Entwécklungslänner

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Sven Clement annoncéiert.

Et war eng vun de Mesuren aus dem Spuerpak 2014: D'Indemnité de poste, déi fir Coopéranten, déi an der Entwécklungshëllef fir de Staat aktiv sinn, gouf ofgeschaaft.

Dës Indemnitéit gouf zejoert nees agefouert, awer nëmmen zum Deel an och nëmme fir Leit, déi fir Lëtzebuerger Ambassaden am Mali, dem Niger an dem Burkina Faso schaffen.

Wéi et vun der Kooperatiounsministesch Paulette Lenert an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement heescht, wier dëst, fir de schwierege Liewenskonditiounen an dësen 3 westafrikanesche Länner Rechnung ze droen.

Et géif awer elo dru geschafft ginn, fir dës Indemnitéit, déi bei de Salaire dobäigerechent gëtt, an Zukunft fir all Cooperanten ze bezuelen, déi an engem Entwécklungsland schaffen.

Den Ament ginn et 11 Agents de la coopération, déi am Ausland fir Lëtzebuerger Ambassaden, d'EU an d'UNO schaffen, 2 sinn der hei am Land.

PDF: Äntwert vum Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Sven Clement

Back to Top
CIM LOGO