
Clausen, Pafendall, Eech, de Gronn - et huet alt nees geheescht, sech zesummenzerappen, d'Äerm eropzekrämpelen an d'Kelleren auszepompelen an ze botzen. D'Annick Goerens war fir eis an der Nuecht op en Donneschdeg an en Donneschdeg de Moien an der Stad ënnerwee.
Ugefaangen op der Eecher Plaz. Do stoung d'Waasser op d'mannst 1,50 Meter héich. „Dat hu mir nach ni gesinn“, sou d'Awunner vum Quartier. Garagë bis op de véierte Sous-sol wäre voll gelaf, sot eis eng besuergte Biergerin. Do stoung d'Waasser op d'mannst 1,50 Meter héich an de Geroch vu Bensinn an Diesel koum engem an d'Nues. Eng 7 Autoe hunn deen Ament um Parking am Waasser geschwommen. Brauchbar wäerten dës net méi sinn.
Vill Stroosse waren an der Nuecht op en Donneschdeg an en Donneschdeg de Moien nach zou wéinst dem ville Waasser. Wollt ee weiderkommen, war et eng Faart wéi duerch e Labyrinth. De komplette Parc Laval zu Eech gouf iwwerschwemmt. Am Pafendall hunn d'Bierger et leider méi geloosse gesinn, et ass een dat villt Waasser gewinnt. An awer sou uerg wär et nach ni gewiescht.
Vum Pafendall a Richtung Clausen war d'Strooss nach zou, mëttlerweil ass se awer nees op. Richtung Alstad a Gronn, e ganzt anert Bild. De Gronn stoung en Donneschdeg de Moien nach deels komplett ënner Waasser. D'Restaurateuren hunn d'Hänn iwwer dem Kapp zesummegeschloen.
"Et gesäit iwwel aus, mee et ass net katastrophal", sot iwwerdeems de Patrick Michaely, Porte-parole vum Naturmusée am Gronn. Och an der Abtei Neimënster war alles ganz séier gaangen, sou den Hausmeeschter Christino Valenzano.
Et hätt een den Ament nach net de kompletten Iwwerbléck, mee am grousse Ganzen hätt een nach Gléck am Ongléck gehat, well zum Beispill d'Expo vum Lucien Wercollier zanter e puer Joer net méi um Rez-de-chaussée, ma um éischte Stack wier, sot och d'Direktesch vun der Abtei Neimënster Ainhoa Achutegui.