
Och am Covid-Joer ass d'Zuel vun den accordéierten Immobilien-Prêten net zeréckgaangen, au contraire: der Zentralbank no, louch dee Chiffer fir déi éischt 3 Trimester dëst Joer bei 8,76 Milliarden Euro.
Op d'ganzt lescht Joer gekuckt waren et 11,17 Milliarden.
D'Zënse sinn der BCL no, iwwerdeem erofgaangen: am Oktober louch de variabelen Taux bei 1,35%, wat e Minus vun 2 Punkten op ee Joer ass.
De fixen Zënssaz louch bei 1,27%.
Vum 1. Januar un applizéieren d'Banke jo nei Konditioune bei den Immobilien-Prêten: deemno ginn d'Kreditter jee no Verkafspräis plafonéiert. Nëmme Leit, déi en éischt Haus oder Appartement kafen, kënnen 100% vun der Valeur geléint kréien.
Dës Konditioune géint d'Iwwerverschëldung gëllen, nodeem se Mëtt November vum Comité du Risque systémique proposéiert goufen.
Iwwert déi lescht 5 Joer gekuckt sinn d'Präisser vun Immobilien am Land an der Moyenne ëm iwwer 7% d'Joer an d'Luucht gaangen.