Invité vun der Redaktioun Spezial mam Nadine Schartz, Pol Reuter an Armand BackProblemer musse geléist ginn an d'Resultat bei de Leit ukommen

François Aulner
Mam Nadine Schartz vum Lëtzebuerger Wort, Armand Back vum Tageblatt a Pol Reuter vu Reporter, schwätze mer ënner anerem iwwer d’Resultater vun der Ëmfro vun Ilres fir RTL an d’Wort.
Problemer musse geléist ginn an d'Resultat bei de Leit ukommen
Mam Nadine Schartz vum Wort, Armand Back vum Tageblatt a Pol Reuter vu Reporter schwätze mer ë.a. iwwer d’Resultater vun der Ëmfro vun Ilres fir RTL an d'Wort.

Eng Blo-Rout-Gréng Koalitioun no den nächste Walen ass eng Optioun, mee et kann duerchaus nach ëmmer eng zweet CSV-DP Regierung ginn. Bis déi nächst Wahlen sinn nach zwee Joer an et ass net gewosst, ewéi kompatibel déi eng Politiker mat deenen anere nnach sinn. Dat kann een aus der Presseronn e Mëttwoch de Mëtteg hei op RTL zeréckbehalen. D'Journalisten Nadine Schartz vum Wort, Armand Back vum Tageblatt a Pol Reuter vu reporter.lu hunn do iwwert d'Resultater vun der neier Ilres-Emfro diskutéiert.

Ob eng Rei CSV Wieler bei d'ADR eriwwerginn, well d'CSV net konservativ genuch wier, wéisst een net, esou d'Nadine Schartz. An hiren Aen hätten d'Leit reell Problemer ewéi eng Wunneng ze fannen oder mat der Hausse vun Energie- an anere Käschten eens ze ginn. D'Journaliste ware sech zimmlech eens, datt de Premier an CSV-Parteipresident Luc Frieden nach ëmmer Schwieregkeeten hätt fir no bei de Leit ze sinn. De Pol Reuter huet gemengt, datt de Premier nach Zäit hätt, fir sech nei z'erfannen, den Armand Back huet gemengt éischter net. D'Nadine Schartz war och méi skeptesch, well d'Regierung sech schwéier géing doen, fir datt d'Leit Resultater vu Mesurë spieren.

Wat dat gutt Resultat vun der ADR am neie Sondage ugeet, huet den Armand Back drop opmierksam gemaach, datt d'ADR sech an der anerer Ëmfro schwéier deet, wou d'Sympathie a Kompetenz vu Politiker gefrot gëtt. De Pol Reuter geet dovunner aus, datt gutt Walresultater vun der AfD an Däitschland en Afloss op Wieler heiheem hunn.

Dat relativ schwaacht Resultat vun der LSAP kéint de Journalisten no dorunner hänken, datt d'Paulette Lenert an de Staatsrot gewiesselt ass, mee awer och dorunner, datt d'Sozialisten dacks déi falsch Kompromësser mat Koalitiounspartner agaange sinn. De Gréngen heiheem kéint de waarmen an dréchene Summer an d'Kaarte gespillt hunn.

D'Journaliste ware sech och eens, datt d'geplangte Steierreform ze deier wier, besonnesch well elo schonn d'Staatsschold héich ass. Datt de Finanzminister Gilles Roth mat sengem Budgetsprojet d'Ekonomie wéilt ukuerbelen, kéint een novollzéien, well de Sozialmodell Croissance brauch. Mee et kéint een net op Käschte vun den nächste Generatiounen, respektiv der nächster Regierung jiddereen entlaaschten, ouni eng Géigefinanzéierung ze hunn.

RTL-Spezial mam Nadine Schartz vum Lëtzebuerger Wort, Armand Back vum Tageblatt a Pol Reuter vu Reporter.

Back to Top
CIM LOGO