PoliceIllegal Party an Naturschutzgebitt zu Stroossen opgeléist

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend goufen eng 20 Protokoller wéinst Falschparken an 28 Protokoller wéinst enger illegaler Party an engem Naturschutzgebitt geschriwwen.

E Fierschter hat d'Police kontaktéiert, well en héieren hat, dass eng Party an engem Naturschutzgebitt zu Stroossen geplangt wier. D'Poliziste si mat zwou Patrullen op d'Plaz gefuer, fir dat ze kontrolléieren. Op der Plaz ukomm, hu se dann och direkt engen 20 Gefierer e Protokoll musse schreiwen, well se geparkt haten, wou dat net erlaabt ass.

Kuerz drop hu se dann och d'Partylocation fonnt. 28 Leit kruten op der Plaz e Protokoll vun 145 Euro a jiddereen huet d'Naturschutzgebitt musse verloossen.

Back to Top
CIM LOGO