
Zejoert goufen Ierfschaftssteieren an Héicht vun 116 Milliounen Euro bezuelt. Nëmme butzeg 3% vun dëser Steier goufe vu Leit bezuelt, déi direkt Famill waren, wéi de Partner, deen iwwerlieft huet, Elteren oder och Kanner, vun der Persoun, déi eng Ierfschaft hannerlooss huet.
A 47% vun de Fäll, wou eng Ierfschaftssteier bezuelt gouf, ass dëst duerch Organisatioune geschitt, déi net Famill waren, a geierft hunn.
De Finanzminister Pierre Gramegna preziséiert op Basis vun enger parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Roy Reding, datt karitativ Organisatiounen, wa se ierwen, musse 4% Steiere vun deem Montant bezuelen, deen hinnen iwwerlooss gëtt.
Duerch verschidden Dispositiounen am Gesetz vun 1920 kéinten awer verschidden Organisatioune vun der Ierfschaftssteier enthuewe ginn. Dozou gehéieren ënnert anerem Fondatiounen, déi Bourssen un Unis-Studente ginn.