"Engersäits huet d'Medezin evoluéiert a mir brauche fir verschidden Agrëffer hautdesdaags net méi eng Klinick am klassesche Sënn ronderëm. D'Medezin ass méi previsibel ginn, d'Qualitéit ass besser ginn an datt erlaabt eis, verschidde Saachen ausserhalb vun enger klassescher Klinick ofzebilden”, seet de Generaldirekter vun den Hôpitaus Robert Schuman Dr Marc Berna.
D'Surveillance, déi no der Operatioun am Spidol gemaach gëtt, soll et genee esou um Site fir ambulant Chirurgie ginn. An eng Dagesklinik fir Patienten, déi e puer Stonne méi laang bleiwe mussen. Um 3. Stack soll dann d'Policlinique mat der Kinesitherapie hikommen, erkläert den Directeur des soins Christian Kirwel. Hei kéinten d'Patiente scho virun der Operatioun virbereet ginn, fir nees méi séier fit ze ginn nom Agrëff. An och duerno kéint de Patient op d'Cloche d'Or zréckkommen, fir säin Dokter ze gesinn a bei de Kiné ze goen. Eng ganz Prise-en-charge op enger Plaz. Et ass nach abstrakt, de Réibau ass mol nach net fäerdeg gebaut.
Ee weidere Grond, firwat HRS dee Projet fir ambulant Chirurgie plangt, ass, fir d'Spidol um Kierchbierg ze entlaaschten. Et feelt u Plaz a soll dofir och ëmgebaut a vergréissert ginn. De Marc Berna schwätzt vu reegelhaften Operatiounen, déi bis 23:00 Auer oder Hallefnuecht duerchgefouert ginn. "Dat ass net gutt fir de Patient, dat ass net gutt fir d'Leit, déi do schaffen, dat ass net gutt fir den Dokter, dee moies ëm siwen Auer erëm muss op der Matt stoen."
Déi éischt Phas vun den Ëmbau- a Moderniséierungsaarbechten um Site Kierchbierg sollen Enn vun dësem Joer ufänken. Dat wär ee laangwieregen a komplexe Prozess, wou och Tëscheléisungen néideg wieren, zum Beispill d'Installatioun vu provisoreschen Operatiounssäll. Eng ganz Containerstad misst opgeriicht ginn. Och hei soll den neie Site op der Cloche d’Or entlaaschten, wann alles leeft, wéi geplangt.
Well de Projet, deen iwwer 100 Millioune kascht a vun der Santé an der CNS finanzéiert misst ginn, ass nach net autoriséiert. De Spidolsgrupp huet emol nach keng Autorisatioun bei der Gesondheetsministesch ugefrot. De Projet wär réischt an der Entwécklung, seet de Marc Berna. Et wär een am enken Austausch mat alle bedeelegten Acteuren. Iwwer de Site fir ambulant Chirurgie op der Cloche d’Or kéinte wärend den Ëmbauaarbechten um Kierchbierg provisoresch Léisungen am Wäert vun 70 Milliounen Euro agespuert ginn.
"Alles, wat mer plangen an a Betrib huelen, respektéiert natierlech de legale Kader“, betount den HRS-Generaldirekter. Den aktuelle Gesetzer no kéint de Site op der Cloche d’Or wéi ee klassescht Spidol bedriwwe ginn. Ma d'Gesondheetsministesch huet jo déi lescht Woch de Gesetzesprojet fir ambulant Strukturen ausserhalb vun de Spideeler virgestallt . "Wat de Kader an Zukunft hiergëtt, wäerte mer gesinn", schmunzelt de Generaldirekter vun den HRS.
De Service fir ambulant Chirurgie un den Ae beim Shopping Center Cloche d’Or iwwerdeems soll Enn September 2026 operationell sinn. De Schwéierpunkt läit do um groe Star. 5.000 bis 6.000 Operatiounen d'Joer wäerten dann hei kënne gemaach ginn.