
D'Hôpitaux Robert Schuman kucken op e gutt gefëllte Joer zeréck. Wéi et am Joresrapport heescht, hätt een zejoert 2.459 Accouchementer gehat. A bal 200.000 Deeg Spidolsopenthalter gezielt, dorënner 10.000 Soins intensifs. 15.000 Mol sinn d'Leit duerch d'IRM'e passéiert. 30.000 Mol gouf et ee chirurgeschen Agrëff.
Bis 2023 sollen d'Hôpitaux Robert Schumann zesumme mat hire Partner ee Spidol vun der Digitaliséierung, der Recherche an der Experienz sinn, esou heescht et am Rapport.