Dësen Zertifikat ass wärend 6 Joer gülteg.
De Platin-Label, déi héchsten Auszeechnung, goung ënnert anerem un d'Gemeng Helperknapp. Si ass déi éischt Gemeng mat eegene Ressourcen. D'Fusiounsgemeng kann op 4 verschidde Quelle fir Drénkwaasser zréckgräifen. 5.200 Awunner zielt d'Gemeng. Den Drénkwaasserverbrauch läit pro Dag an der Moyenne bei 1.100 Kubikmeter. D'Gemeng huet an de leschte 4 Joer eng 8 Milliounen Euro an den Drénkwaasserreseau investéiert.