D'Inneministesch Taina Bofferding sot, et hätt een alleguerten d'Biller aus Däitschland gesinn. Dofir hätte sech Leit vum CGDIS an dem Roude Kräiz bereet erkläert, fir hëllefen ze goen.
De Generaldirekter vun der CGDIS Paul Schroeder sot, datt déi 10 Ambulanzen op Ahrweiler bei Bonn fueren. Si wäerte Transferte vu Patienten tëscht Spideeler ze maache kréien viraussiichtlech.