Lex DellesHëllef fir Betriber a Fräiberuffler bis de 15. Juli

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems den Delai fir déi éischt Hëllefsmesurë mam Enn vum Etat de crise ofgelaf ass, ginn et aner Hëllefen, déi een nach kann ufroen.
Hëllef fir Betriber an Independantë bis de 15. Juli
Iwwerdeems den Delai fir déi éischt Hëllefsmesurë mam Enn vum Etat de crise ofgelaf ass, ginn et aner Hëllefen, déi een nach kann ufroen.

"Déi Betriber, déi net dru geduecht hunn, déi zweeten Aidë vu 5.000 an 12.500 Euro unzefroen, kënnen dat elo nach maachen", sot den DP-Mëttelstandsminister Lex Delles am RTL-Interview. E Gesetz gouf gestëmmt, dat et erlaabt, bis de 15. Juli déi Aidë kënnen auszebezuelen.

Hëllef fir Betriber/Reportage François Aulner

Hei handelt et sech ëm 3 Mesuren: eng Hëllef vu 5.000 Euro fir Mini-Entreprisen (manner wéi 10 Salariéen), wou scho 6.356 Demandë positiv traitéiert a just 312 verworf goufen. Donieft ass et d’Hëllef vun 12.500 Euro fir Betriber mat 10 bis 20 Salariéen, wou et 581 Accorde bis ewell goufen an 90 Refusen. An dann ass et nach eng Aide vun 3.000, 3.500 oder 4.000 Euro fir Independanten, déi schonn 3.032 Mol iwwerwise gouf, mä 618 Mol refuséiert gouf.

"Do kréie mer all Dag nach 80, 90 Demanden eran", sou de Lex Delles, deen d’Betriber an Independanten, déi nach keng Demande gemaach hunn oprifft dat nach séier ze maachen.

"Mir waren do aktiv"

Den Enn vum Etat de crise e Mëttwoch, dat war awer d’Deadline, fir een Deel vun den Hëllefe vum Staat fir Betriber oder Independanten unzefroen. Dat ass de Fall fir déi éischt Hëllef vu 5.000 Euro fir Betriber mat manner wéi 10 Leit, déi Mëtt Mäerz decidéiert gi war a fir d’Hëllef vun 2.500 Euro fir Independanten, déi nogeschoss gi war. De Mëttelstandsministère huet eis op Nofro hin och de Bilan vun dëse Mesurë presentéiert: d’Hëllef vu 5.000 Euro gouf 6.126 Mol accordéiert, iwwerdeems der 7.097 refuséiert goufen. Vun der Hëllef vun 2.500 Euro konnten 2.377 Independante profitéieren, mä 512 Mol gouf et och e Refus.

Wéi vill Betriber an Independanten iwwerhaapt keng Demande gemaach hunn, ass net gewosst. De Reproche oder d‘Fro, firwat de Ministère net virun der Deadline nach emol e Rappell gemaach huet fir d’Aide unzefroen, léisst de liberale Lex Delles net gëllen: "mir waren do aktiv". Et hätt een ëmmer erëm per Communiqué op d’Aiden opmierksam gemaach an d’Federatiounen opgeruff, Reklamm fir dës Mesuren ze maachen.

Alles an allem goufen eleng mat de Mesurë vum Mëttelstandsministère bis dato 141.000.000 Euro iwwerwisen. Nieft deenen direkten Hëllefe ginn et awer nach aner Mesuren, déi mam "Stabiliséierungsprogramm" a mam "Neistart Lëtzebuerg" lancéiert gi waren. All Informatiounen sinn op guichet.lu.

Back to Top
CIM LOGO