CnapUm Dënschdeg war déi zweet Editioun vum "Pensiounsdag"

Céline Eischen
No der éischter Editioun am Norde vum Land war dëst Joer Diddeleng un der Rei. D'Zil vun der Initiativ ass et, d'Informatiounen an d'Berodung méi no bei d'Bierger ze bréngen.
© RTL Archivbild

"Mir wëllen de Leit weisen, datt si net onbedéngt mussen an d'Stad kommen, fir mat der CNAP a Kontakt ze trieden“, erkläert den Alain Reuter, President vun der CNAP. Vill Leit hätten allgemeng Froen oder wéilten hir perséinlech Pensiounscarrière iwwerpréiwe loossen, ouni dofir extra e Rendez-vous um Sëtz vun der CNAP ze huelen. Bal 300 Persounen hate sech am Virfeld ugemellt.

Zweet Editioun vum "Pensiounsdag"
Et ass eng Veranstaltung fir all aktuell a zukünfteg Pensionnairen, déi Informatiounen iwwer hir Pensiounsdossiere wëlle kréien.

D'Pensioun beschäftegt och ëmmer méi jonk Leit

Zu de Froen, déi am heefegste gestallt ginn, gehéieren den Zäitpunkt vum Pensiounsantrëtt an d'Héicht vun der spéiderer Pensioun. Och d'Méiglechkeet, nieft enger Pensioun nach weiderzeschaffen, beschäftegt vill Leit.

Duerch déi ëffentlech Diskussiounen an d'Pensiounsreform géife sech mëttlerweil och ëmmer méi jonk Leit mat hirer finanzieller Zukunft auserneesetzen, esou den Alain Reuter.

Wärend vill Leit fréier eréischt mat 55 Joer ugefaangen hätten, sech konkret iwwer hir Pensioun ze informéieren, géifen deelweis scho 45 Joer al Leit dës Froe stellen. Och bei nach méi jonke Leit wier de Sujet aktuell, besonnesch wann et ëm d'Auswierkunge vun Deelzäitaarbecht oder Kannererzéiungszäiten geet.

Progressiv Pensioun: Ronn 70 konkret Demandë bis elo

Mat der Pensiounsreform 2026 sinn nei Méiglechkeeten dobäikomm. Eng dovunner ass déi progressiv Pensioun. Si erlaabt et, ënner bestëmmte Konditiounen d'Aarbechtszäit ze reduzéieren a gläichzäiteg schonn en Deel vun der Pensioun ze kréien.

No de leschten Zuelen, déi dem Alain Reuter virleien, huet d'CNAP ronn 200 Demandë fir e Certificat am Kader vun der progressiver Pensioun kritt. Ronn 130 dovunner konnte positiv beäntwert ginn. Vun dëse Persounen hunn der ongeféier 70 duerno eng konkret Demande fir eng progressiv Pensioun agereecht.

Manner grouss ass den Interessi bis elo beim neie steierlechen Abattement fir de Maintien an der Beruffswelt (AMVP). Dëse soll Leit, déi eigentlech schonn an eng virgezunne Pensioun kéinte goen, dozou motivéieren, méi laang am Beruff ze bleiwen.

D'CNAP hätt sech hei méi Nofro erwaart, esou den Alain Reuter. Hie geet dovunner aus, datt et nach eng Rei Persoune gëtt, déi vum Abattement profitéiere kéinten, awer nach keng Demande gemaach hunn. Dës kann iwwer MyGuichet agereecht ginn.

Méi Personal a weider Digitaliséierung

Déi grouss Nofro u perséinlecher Berodung stellt d'CNAP, och organisatoresch, virun Erausfuerderungen. Vill administrativ Prozedure géifen aktuell nach gréisstendeels iwwer Pabeierdokumenter oder PDF-Dateie lafen, erkläert d'Ministesch fir sozial Sécherheet Martine Deprez.

Fir den Traitement vun den Dossieren ze verbesseren, gouf d'Zuel vun de méiglechen Neiastellunge bei der CNAP erhéicht. Parallel dozou goufen nei digital Prozesser an d'Weeër geleet.
Nieft der perséinlecher Berodung setzt d'CNAP och op digital Informatiounsofferen, dorënner Erklärvideoen an Internetsäite mat Informatiounen an einfacher Sprooch.

Fir d'Ministesch bleift den direkten Austausch awer onverzichtbar. „Näischt ersetzt en direkte Kontakt sou wéi haut hei zu Diddeleng“, ënnersträicht d'Martine Deprez.

Net nëmmen d'Pensioun, mee och d'Liewen duerno

Nieft der CNAP waren um Pensiounsdag och aner Institutiounen, dorënner d'CNS, an den Nationale Solidaritéitsfong vertrueden. Och regional Seniorenorganisatiounen, d'AGERO an d'Agence du Bénévolat, hunn hir Offere presentéiert.

Domat soll de Bléck net nëmmen op déi finanziell an administrativ Aspekter vun der Pensioun geriicht ginn, mee och op d'Méiglechkeeten, déi sech duerno opmaachen.

Eng Pensioun géif net bedeiten, datt een nëmmen nach doheem sëtzt, esou den Alain Reuter. Aktivitéiten a Benevolat kéinten hëllefen, och nom Beruffsliewen aktiv ze bleiwen a sozial Kontakter ze fleegen.

Back to Top
CIM LOGO