Télévie 2020Hannert de Kulisse vun der 19. Editioun

RTL Lëtzebuerg
Kee Publik, limitéiert Gäscht, ma trotzdeem net manner Emotiounen: 975.136 Euro konnten e Samschdeg fir d’Lutte géint de Kriibs gesammelt ginn.

Eigentlech sollt se schonn am Abrëll sinn: déi 19. Editioun vum groussen Télévie-Spendemarathon. D’Pandemie huet dem Ganzen ewéi esou ville Saachen e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.

Den Evenement ausfalen ze loossen, war awer keng Optioun, esou dass d’Ekipp hannert dem Télévie keng Méi gescheit huet, eng Alternativ op d’Been ze setzen. Mir ware Backstage mat dobäi.

RTL-News: Télévie 2020: 975.136 Euro fir d'Lutte géint de Kriibs - RTL seet Merci!

Back to Top
CIM LOGO