Invité vun der Redaktioun (1. Oktober) - Guy HeintzEng "fortschrëttlech" Steierreform, déi eng Rei "Hicken" huet

François Aulner
En Donneschdeg de Moie war d'Steierreform Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Radio - Invité vun der Redaktioun: Guy Heintz
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Steiergerechtegkeet kréich duerch d'geplangte Reform e "bëssen en Hick", esou de fréiere Chef vun der Steierverwaltung, de Guy Heintz en Donneschdeg de Moien op RTL. D'Steierreform vum Finanzminister Gilles Roth ass op der leschter Ligne droite: se gëtt viraussiichlech Enn dës Mounts mat de Stëmme vun der CSV-DP Majoritéit gestëmmt an trëtt den 1. Januar 2028 a Kraaft. Aus dem Interview mam Guy Heintz konnt een eraushéieren, datt esouwuel Verdeedeger vun der Reform Argumenter hunn ewéi och Géigner respektiv, datt et bei de Steieren dacks dovunner ofhänkt, ewéi een d'Saachen dréint.

Invité vun der Redaktioun: Guy Heintz

De Guy Heintz huet d'Individualiséierung, déi domadder generaliséiert gëtt als "Fortschrëtt" an als "Vereinfachung" bezeechent. Wann déi aktuell dräi Steierklassen duerch eng eenheetlech ersat ginn, kéint awer "noutgedrongen", net méi alle Situatioune Rechnung gedroe ginn, esou de fréiere Chef vun der Steierverwaltung.

D'Regierung verweist ëmmer op d'Hausse vum Kannergeld, d'Reform vum Chèque Service oder de geplangten Abattement fir Eltere mat Kanner bis 3 Joer. De Guy Heintz huet et gestéiert, datt "mantrahaft widderholl ginn ass, datt jiddereen an der selwechter Situatioun ass". Et wier awer eppes aneschtes wann een eleng Kanner erzitt oder bestuet ass a keng Kanner huet oder verwittwert ass.

Nach virun 2028 d'Jo-Wuert ginn? - "Wat ass wierklech besser?"

Fir Leit, déi sech bestueden oder pacsen, iert d'Reform 2028 a Kraaft trëtt, ass eng Transitiounsphas vu 25 Joer virgesinn. De Guy Heintz huet bedauert, datt d'Iddi vum Staatsrot net zeréckbehale ginn ass, fir d'Transitioun un d'Dauer vum Mariage ze koppelen.

Hien huet am Gesetzprojet och eng Bestëmmung vermësst, datt wann eng Situatioun an enger Koppel sech ännert, kéint deen ee Partner dat, wat deen anere manner verdéngt just nach "minimal ofsetzen". Hien huet sech gefrot, ob net eng administrativ Circulaire kéint dofir suergen, datt een dat als "Charge extraordiaire" kéint unerkennen.

"Et ass och wichteg ze kommunikéieren", esou de fréiere Chef vun der Steierverwaltung, dee perséinlech vu Leit gefrot géing ginn, wat bësse fir ee wier. Jidderee misst dat kënne simuléieren, well wann ee wiesselt, kéint een net zeréck an d'Klass 2. Et misst een och wëssen, datt de System mat éischter an zweeter Steierkaart an d'Avancen verschwannen, esou datt dee mat der éischter Steierkaart automatesch Netto manner géing kréien.

Jongesellen, Monoparentaux, Koppelen... wie gëtt am meeschten entlaascht?

Vergläicht e verschidde Situatiounen am neie Barème "U" mam aktuelle Barème stellt sech eraus, datt besonnesch Leit an der Steierklass 1 entlaascht ginn a Koppelen an der Klass 2, wou béid Partner e Revenu hunn. De fréiere Chef vun der Administration des contributions directes huet awer drop higewisen, datt den Abattement extraprofessionnel vu 4.500 Euro ewechfält.

Wat d'Steierklass 1A ugeet, huet de Guy Heintz d’Argument vun der Oppositioun, datt déi am mannsten entlaascht ginn, gedeelt. Mee awer och d'Argument vun der Regierung, datt d'Monoparentauxen 2025 schonn e gutt stéck entlaascht goufen. Hien huet awer och ze bedenke ginn, datt no der Reform béid Situatioune steierlech gläichgestallt ginn, quitt datt Monoparentauxen och e Steierkredit kréien.

A Prozenter ausgedréckt ginn déi méi niddreg Revenuen am meeschten entlaascht mat der Reform. An Euroen ausgedréckt ginn et awer bis an déi héchst Revenuen Entlaaschtung. De Guy Heintz huet e bësse geschmunzelt, ewéi hie sech un d'Joren erënnert huet, ewéi hien ugefaangen hat mat schaffen (Enn de 70er, nvdr). De Spëtzesteiersaz vu 57 % mat enger Solidaritéitssteier vun 10 % drop vun deemools géing een haut als "confisquatoresch" ugesinn. (Haut läit de Spëtzesteiersaz bei 42 % fir Revenuen iwwert 235.000 Euro an d'Majoratioun duerch d'Solidaritéitssteier läit bei 7 % a bei héije Revenuen 9 %, nvdr).

Entlaaschtunge vun haut d'Austeritéit vu muer?

Mat CSV-DP soll dat och esou bleiwen a jidderee soll esouguer "méi Netto vum Brutto" hunn.

De Käschtepunkt fir de Staat – ronn eng Milliard Euro d'Joer – dat wier eng politesch Fro. Hien huet awer gewarnt, datt d'Entlaaschtunge vun haut net d'Spuermesuren oder Steiere vu muer sinn. Hien huet un d'Krisesteier vun 2011 als Beispill erënnert.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO