Frascht, "Esca", Hëtzt, net genuch ReenGudden, awer net vill Wäin

Maxime Gillen
D’Qualitéit wäert stëmmen, mee wat d’Quantitéit ugeet, wäert d’Recolte vun den Drauwen dëst Joer manner gutt ausfale wéi zejoert.
Gudden, awer net vill Wäin
D’Qualitéit wäert stëmmen, mee wat d’Quantitéit ugeet, wäert d’Recolte vun den Drauwen dëst Joer manner gutt ausfale wéi zejoert.

Woubäi een och soe muss, datt d'Recolte d'lescht Joer gutt war. Dëst Joer ginn et manner Drauwen, an dat aus ënnerschiddleche Grënn. D'Lëtzebuerger Wënzer hunn um Mëttwoch mam Wäibauminister Romain Schneider Bilan gezunn.

Uganks Mee hat eng Nuecht mat fiichter Loft an e puer Minusgraden scho fir grousse Schued bei de Riewe gesuergt. Ronn 40 Prozent vun der Recolte wier bannent där Nuecht ausgefall, erkläert den Ern Schumacher, President vun de Lëtzebuerger Privatwënzer.

Allgemeng huet et dëst Joer och net genuch gereent, wouduerch d'Planzen den extrem héijen Temperaturen déi lescht Wochen net méi vill entgéintzesetzen haten. En Deel vun den Drauwe si verbrannt.

Nieft de méi strapazéierende Wiederkonditiounen hunn d’Riewen et och mat der Krankheet “Esca” ze dinn, déi d'Planze quasi vu bannen eraus verdréchent. D'Blieder gi wieleg a wou eigentlech gréng Drauwe sollen hänken, bleiwen nëmmen nach kleng, schrompeleg, schwaarz Kären iwwreg.

Ass eng Planz vun der Esca-Krankheet befall, kann dës net méi gerett ginn a muss erausgerappt ginn. Ronn dräi bis véier Prozent vun de Planze wieren dovu befall.

"Eppes ass kloer, et wäert eng exzellent Qualitéit ginn, mä et wäert vill manner Recolte sinn", seet de Landwirtschaft- a Wäibauminister Romain Schneider, LSAP. Et wier e Joer, an deem de Wënzer hir ganz Professionalitéit gefuerdert wier an et géife sécher Verloschter ginn.

Bis de Waasserhaushalt erëm stëmmt, géing et nach 6-7 Joer daueren, seet de de President vun de Privatwënzer Lëtzebuerg Ern Schumacher, selwer zanter 45 Joer Wënzer.

Fir Abéiss wéinst dem Frascht sinn d’Wënzer verséchert, och wann et nach Diskussioune mat den Assureure gëtt. De Staat rembourséiert de Wënzer dann och 65% vun der Versécherung zanter dem neie Gesetz vun 2014. Käschtepunkt fir de Staat: ronn eng Millioun Euro, sot den LSAP-Landwirtschaftsminister Romain Schneider.

Wat d’Hëtzt an den Esca ugeet, do kéint een net vill maachen. „Mat der Natur muss ee léieren ëmzegoen“, esou den Ern Schumacher, an, "Wa mir selwer missten d'Wieder maachen, ech weess net ob mer dann dat ideaalt Wieder hätten."

Fir de Wënzer ass et kloer, datt de Klimawandel en Impakt huet. Ënnert dem Stréch wier deen awer positiv fir d'lëtzebuergescht Wäibaugebitt.

Back to Top
CIM LOGO