Déi lescht 2-3 Méint am Joer suergen am Commerce fir dee gréissten Deel vum Ëmsaz. Dat wier eng aussergewéinlech Constellatioun, esou de Marc Herber, Gérant vun engem Kleederbuttek. Dowéinst wier och keng Zäit fir e schlechte Bilan vum Chrëschtgeschäft ze zéien, well et ouni Paus direkt mat de Solde weidergeet. Vum Ëmsaz hier wier ee bei änlechen Zuelen ewéi d’lescht Joer an domadder ganz zefridden. Et géing een ëmmer nach mierken, dass d’Leit gären an de Buttek kommen, fir ze kucken an eventuell eppes ze kafen, wat si virdrunner guer net am Kapp haten. Dat wier beim Online-Handel anescht, esou den Marc Herber weider. Dobäi kënnt d’Berodung an de Service, wéi zum Beispill eng Néiesch, hiewen de lokale Commerce ëmmer nach vun der Offer an der virtueller Welt of.
Och de Janssen Liu vun der Luxembourg Confederation schwätzt vun engem ganz gudde Chrëschtgeschäft 2025, nom Feedback deen hie vu verschidde Commerçantë kritt huet. Wat dat lescht Joer ugeet, wier d’Konsumverhalen d’nämmlecht bliwwen. Virun 2024 wier et méi schwéier gewiescht, well besonnesch d’Energiekris oder d’Inflatioun fir Veronsécherung gesuergt hunn, an natierlech och fir manner Suen am Portmonni. D’Luxembourg Confederation begréisst an deem Sënn och d’Steiererliichterunge vun der Regierung an erhofft sech doduerch nach emol en Opschwong am Commerce.
D’Chrëschtdeeg si besonnesch fir d’Liewensmëttelbranche immens wichteg, d’Solde wäerte sécherlech fir d’Textilbranche nach emol Suen an d’Keese bréngen.