
Nodeems de Fonds du Logement am Januar dëst Joer ferm beduckst gouf an 850.000 Euro op e falsche Kont a Polen iwwerwise goufen, konnten an Tëschenzäit ronn 675.000 Euro recuperéiert ginn. Dat confirméiert d'Porte-Parole vum Fong op Nofro vun RTL.
Wat de Rescht vun de Suen ugeet, ginn et keng weider Informatiounen. Hei géifen d'Prozedure weider lafen.