
Géint 21.15 Auer krut d'Police en Abroch an en Haus zu Kielen an der Rue du Cimetière gemellt. D'Täter sinn a Richtung Kielen Zentrum gelaf. Nieft e puer Patrullen gouf och mam Policehelikopter an engem Sichhond no den Onbekannte gesicht.
Schonn um 20 Auer war zu Garnech an en Haus agebrach ginn. Och hei koum den Helikopter an de Sichhond an den Asaz.
A béide Fäll war d'Sich no den Täter ouni Succès.